Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Editus Android App Update

No iwwert engem Joer krut d'Editus Android App en Update spendéiert. Nieft engem neien Design sinn och nei Funktioune bäikomm, wei zum Beispill App2sd oder d'Méiglechkeet sech e Widget ob den "Desktop" ze setzen.

D'Gréisst vun der App wiisst vun 1,2  ob 3,6 Megabyte an bleift nach fir Android 1.6 oder méi héich kompatibel.

 

Nei App: Tageblatt

No laangem Waarden an engem klengen Retard huet d’Tageblatt hier Android App am Market fräigeschalt.

Maacht Iech am beschten selwer e Bild ob d’Waarde sech gelount huet. An deenen nächsten Wochen wäerte mir d’App dann och méi genau ënnert d’Lupp huelen an en Test bréngen.

Vill Spaass beim testen vun der App an liesen vun den Noriichten!

Coming App: Restopolis

Ufanks dëses Mounts ass d’Restopolis iPhone App lancéiert ginn, d’Android Versioun wäert awer och net laang ob sech waarde loossen. Iwwert d’App kann en den Menu vun den Restopolis Schoul Restauranten liese goen, oder iwwert de Login säin Kontostand consultéieren.

Am Géigesaz zu der iPhone Versioun wäert bei Android villäicht eng Bezuelfunktioun integréiert ginn. Wéini genau d’Android App un de Start geet, ass nach net bekannt.

Coming App: Luxauto fir Android

D'Nummer 1 vun den lëtzebuergen Auto Occasiouns Annoncen huet och Android net vergiess, et ass eng App an der Maach an de Start ass mir Mäerz / Abrëll geplangt.

Lëscht vun den zukünftegen lëtzebuergeschen Apps

 

Beta Versioun vum Chrome Browser

Chrome browser

Et huet een sech ëmmer d Fr'o gestallt firwat et Chrome, den immens populären an séieren Browser vun Google, net fir Android gëtt. Abee säit gëschter ass eng Beta Versioun vun dëser App ze kréien.
 
D'Méiglechkeet fir all seng Bookmarks, d'Webhistory, etc mateneen ze synchroniséieren ass schonn eng fein Saach. De Layout an Tabbed Browsing meescht och richteg Spaass. Mee déi grouss Stäerkt ass definitiv d'Vitesse. Subjektiv gefillt ass dat Ganzt richteg séier: wat sécher och dorun leit dat de Browser schonn Säiten am viraus cacht (default: nëmmen am Wifi).

5 Gigabyte gratis Späicher fir Dropbox

Dropbox logoDropbox, eng immens praktesch Software fir seng Donnéeën tëschent all den eenzelen Computeren an mobilen Geräter ze synchroniséieren, huet de Freiden beta Versiounen vun hiren neisten Programmer fir Computeren an Android erausbruecht. Eng nei Funktioun ass hei "Camera Upload", woumat nei Photoen vum Handy oder enger normaler Camera direkt an d'Dropbox gelueden ginn. Et kann een astellen, dat dësen Upload nëmmen soll gemeet ginn, wann een an engem Wifinetz ass.

Nei App: Loterie Nationale

D'Loterie Nationale Android App ass sou gesinn net nei, mä se huet gutt verstoppt gehalen. D'Funktiounen sinn par Rapport zu der iPhone Versioun ganz bescheiden, et kann en nëmmen d'Lotto Resultater kucken goen an säin Ticket scannen. An der Beschreiwung gëtt awer versprach dat méi Funktiounen ënnerwee sinn.

Net schlecht wier och wenn an der Beschreiwung vun der App eng Kéier Luxembourg oder Luxemburg giff virkommen, soudatt een d'App besser fanne kann.

LuxAndroid Top 5 Januar 2012

Well mir dëst Joer nach keng nei lëtzebuergesch Android App kruten, huet sech bei den Top 5 Lëtzebuerg näischt geännert. Dofir stelle mir iech awer wei ëmmer 5 weider Apps vir déi een sech mol ukucke sollt.

An engem Mount ass och d'MWC 2012 zu Barcelona, wou déi grouss Handy Hiersteller hie neisten Android Modeller fir den Europäesche Marchée wäerten virstellen an perséinlech sinn ech och gespaant ob den neien Galaxy S3.
 

Must-have: Airdroid

Meeschtens fënnt en déi beschten Applikatiounen einfach an den Top Lëschten vum Market, ob dëser Platz fehlt awer: Airdroid.

Wat kann Airdroid? Mat dësem Tool kann en vum PC per Webbrowser op den Android Smartphone zougräifen an dat Ganzt leeft einfach iwwert d‘WLAN Verbingung. Per Browser kann en Fotoen, Musek oder aner Dateien zwëschen dem Pc an dem Smartphone austauschen. Eng Lëscht mat allen Funktiounen:

Offiziell Wikipedia Mobil App

Virun e puer Deeg huet Wikipedia hier offiziell Android App erausbruecht.

Am Géigesatz zu der Wiki Lexikon App ass d'App wei een et vun Wiki kennt komplett ouni Reklammen, dofir kann en awer leider net d'Schrëftgréisst änneren an Widgets bitt d'App ochnet.

 

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera