Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Nei App: LuxTraffic

D'Uni.lu start mat hirem neie Projet LuxTraffic och eng Android App. LuxTraffic informéiert iwwert d'Verkéier Situatioun zu Lëtzebuerg an d'Quell sinn d'Notzer selwer déi mam Smartphone automatesch Traffik Informatioune weider kenne ginn.

Weider Informatioune fann dir am Google Play Store oder ob der LuxTraffic Säit.

LuxAndroid Top 5 Mäerz 2012

Amfong halen ech net vill vu Gerüchter, mä dat vum Nexus Tablet fannen ech awer e ganz interessant. De Gerüchter no soll Google en eegenen 7 Zoll Tablet am Juli lancéieren, mat engem Tegra 3 Quadcore Prozessor an soll nëmmen 200 Dollar kaschten, also misst en mat 200 Euro rechnen. Wenn dat stemme sollt kéint Android sech och endlech mol um Tablet Marché duerchsetzen, ze hoffe wier et.

No dem Gerücht fann dir hei d'LuxAndroid Top 5:

Nei App: MUDAM

D’Mudam Android App informéiert iwwert déi aktuell Astellungen aus dem Musée d'Art Moderne Grand-Duc Jean, sou dat en weider Informatiounen zu den Austellungsstécker ob de Smartphone oder Tablett (Mudam HD) kritt, och iwwer Qr-Coder.

Desweideren kritt en Informatiounen iwwert de Musée selwer an en Iwwerbléck iwwert den Agenda.

Nei App: RadioShack Nissan Trek

Réischt an puer Méint geet d'Tour de France rëm lass, bis dohinner kenn dir Iech awer mat der RadioShack Nissan Trek Android App iwwert ärt lëtzebuergescht Vëlosport-ProTeam informéieren.

Mat der RNT App ass en ëmmer um neiste Stand vun de Coursen, dobäi kommen Fotoen a Videoen an natierlech och all d'Informatiounen iwwert d'Team.

Android zu Lëtzebuerg: „Wat mir nach net kënnen…“

Android sëtzt sech um lëtzebuergeschen Marché  ëmmer méi duerch, mä et leien awer nach puer gréisser Steng am Wee fir bis un d’Spëtzt.

Wéi mir den Dënschden geschriwwen haten, huet Google seng Online-Storen fir Apps, Bicher, Musek, Filmer a Bicher ëmbenannt an ënnert dem Begrëff "Google Play" regroupéiert. Mä d’Android Benotzer zu Lëtz wéi och ganz Europe kennen nëmmen Applikatiounen downloaden oder kafen.

Nei App: Bofferding Android App

Mat der neier Bofferding App fënnt en och elo mat Android déi nächste Flute. Nieft der Bofferding Sich kann en "B Tv" iwwer Youtube kucken, Bofferding Eventer sichen oder dei neisten Fotoen vun Bofferding Eventer kucken.

Also maacht Iech an de neien Google Play Store an loosst Iech de Béier schmaachen ;-).

 

Google Play

google playGoogle huet grad seng Online-Storen fir Apps, Bicher, Musek, a Bicher ëmbenannt an ënnert dem Begrëff "Google Play" regroupéiert. Dat heescht elo konkret: Äddi Google Market, Google Music etc,... Ab elo ass alles op play.google.com ze fannen.

Fir Lëtzebuerg ënnert sech elo direkt net net vill. An nächster Zäit soll den Android Market op den eenzelen Androiden geupdate ginn. Mee den Google Music, Books an Movies Stores ass fir eis nach ëmmer net offiziell op. Wat dech ganz Aktioun awer mat sech bréngt ass dat et elo vill populär Apps fir den hallwen Präis kritt. Gitt dofir mol séier an de Market, ähm pardon... op Google Play kucke.

LuxAndroid Top 5 Februar 2012

D’MWC zu Barcelona ass eriwwer an mir sinn mat Android Produiten iwwerschwemmt ginn. Ob den däitschen Android Säiten AndroidPit an AndroidNext wie och engleschen AndroidPolice fënnt en all Informatiounen iwwert déi nei Smartphonen an Tabletts.

Zu den LuxAndroid Top 5:

Auto-Navigatioun Apps

Nodeems Google Navigatioun elo säit e puer Méint och bei eis fonnktionneiert, ass et mol un der Zäit fir déi verschidden Navigatiouns Applikatioune fir den Auto ze testen. Wéi ëmmer bei Android gëtt et och hei eng grouss Auswiel un Apps, déi sech duerch hire Präis, Funktiounen an Qualitéit vun den Kaarten ënnerscheeden. Generell ginn et 2 grouss Kategorien vun Navi-Apps:

Nei App: Ara City Radio

ARACity, déi Engleschsproocheg Radio Statioun zu Lëtzebuerg huet eng App fir iPhone, iPad an Android lancéiert. Mat der App kann en den Live Stream Radio oder och d'Podcasts lauschteren, mat engem Klick ass et och méiglech sech iwwer Email oder SMS sech e Lidd ze wënschen.

D'App ass vun "i like" entwéckelt ginn, wat sech och beim professionellen Design remspiegelt.

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera