Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Nei App: FLASHiz

FLASHizEinfach mam Smartphone bezuelen

Eng lëtzebuerger Firma huet eng App erausbruecht mat der een einfach a sécher a Geschäfter hei am Land bezuelen soll. Op der Rechnung steet een QR-Code, deen een dann einfach mam Handy scannt an d'Geld iwwerweist. Hei am Land maachen elo schonn eng Rei Geschäfter mat: Fischer, HotCity, Vinci (Parkingen), Orange,... Eng weider Funktioun ass fir ënnert Kollegen esou séier seng Scholden ze begläichen. Leider funktionéiert dat Ganzt nach net an et gesäit een nach net op an wéivill Onkäschten dat Ganzt fir de Client oder d'Geschäft mat sech zitt. Esou bal FLASHiz fräigeschalt ass, ginn ech mol bei de Fischer een Bréitchen kafen...

Hei as den Play store link an deen zur Websäit.

Nei App: LAML Webapp

Schüler vum Lycée Aline Mayrisch aus der Stad hunn eng iwwert hiren Lycée erausbruecht. Esou kann een elo séier nokucken wat et an der Kantin gëtt oder wei eng Proffen feelen. Weider Funktiounen sinn eng News-, Kalenner- a Photos-Rubrik.

Hei ass de Play store link.

Nei App: Eldoradio

An do ass se endlech!

Bal e Joer no der éischter Noriicht dat eng Eldoradio Android App ënnerwee ass, huet d'App et an de Google Play store gepackt. Am beschten maach dir Iech direkt selwer e Bild vun der App!

Hei ass de Play store link.

Nei App: BILnet Mobile

D'BIL, Banque Internationale à Luxembourg huet haut hier Android Applikatioun gestart. Mat der BILnet Mobile App kenn dir och elo ären E-Banking iwwert de Android Smartphone maachen (Kontostand kucken, Iwwerweisungen, etc... ). Méi Informatiounen fann dir an der App Beschreiwung.

D'Spuerkeess wäert och an deenen nächsten Méint hier Android E-Banking App lancéieren.

[Update: RTL Update ass raus] Informatiounen zum RTL Update an Eldoradio App

Update: Säit Gëschter kënn dir d'RTL Android App iwwert den Google Play store updaten.

Dat wichtegst fir d'Éischt: d'RTL Android App kritt d'nächst Woch en Update. D'App wäert de selwechte Contenu hunn wei d'iOS RTL App d.h den Traffik Reporter an d'Kommentarfunktioun sinn och elo integréiert ginn. Nom Update kann en d'App och ob Franséisch ëmstellen, dat bedeit d'5 Minutes App ass an d'RTL App integréiert ginn. D'App ass awer nach net komplett fir Tablets optimiséiert, mä eng Upassung ass geplangt.

Nei App: Wort.lu

Lo wor et awer méi schnell gaangen wei geduecht, hei ass de Link fir d'Wort.lu Android App.

An deenen nächste Woche wäerte mir dann och des nei App testen.

 

 

Wort.lu App kënnt an deenen nächsten Deeg

D'Wort.lu lancéiert an deenen nächsten Deeg pünktlech zu der Fréijoersfoire hier nei Android App. An der App selwer kann en zwëschen 3 Sprooch-Editiounen (Däitsch, Franséisch, Englesch) wielen. D'App ass nach net komplett fir d'Tablets optimiséiert, mä no engem éischten Test kann ech soen dat se och gutt um Tablet leeft.

Mir posten de Link soubal d'App am Google Play store ass.

Nei App: Chambre des députés

Nodeems d'Kulturinteresséiert d'MUDAM Android App kruten, ginn elo d'Politikinteresséiert mat der Chambre des députés App servéiert.

D'Chamber App hält iech mat den Neiegkeeten um lafenden an mam Agenda behal dir den Iwwerbléck iwwert den Chambre Kalenner.(Chamber TV feelt awer leider)

Aus Google Docs gëtt Google Drive

Virun kuerzem ass den Cloudspäicherdéngscht Google Drive online gaangen an ersetzt domader Google Docs. Wei bei der Cloud Konkurrenz Dropbox gëtt et en Programm fir Windows, Mac an natierlech Android (iOS kennt méi spéit).

Weider Info zu Google Drive: All Funktiounen, Vergläich zu deenen aneren Cloudspäicherdéngschter (ob Englesch), Offiziell Säit, Google Drive Android App

Neien Test: Tageblatt

D'Editpress S.A. ass mat der L'Essentiel an Tageblatt App den éischten lëtzebuergeschen Zeitungsverlag den Applikatiounen ob den Android Marché bruecht huet. Zwee Méint nom Lancement hunn mir d'Tageblatt Android App an engem Test méi genau ënnert d'Lupp geholl, well déi zwou Apps sech am Opbau wei och Design gläichen kéint en et och als Tageblatt/ L'Essentiel Test gesinn.

Hei fann dir den Test.

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera