Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Nei App: CFL mobile

D'CFL bréngt hier mobile App fir Android an den Google Play store.

Mat der App kënnt dir d'national/international Zuch Fuerpläng wei och national Bus Fuerzäiten nosichen. Weider ass et och méiglech déi neisten CFL Noriichten an "Trafik" Informatiounen ze liesen oder een Feedback iwwert d'CFL ofzeginn.

(Dat ass dann och elo wierklech déi 10. letz. App déi mir an deenen leschten zwee Méint virgestallt hunn.)

Update: Bezuelen mat FLASHiz

Flashiz logoNodeems mer virun ongeféier engem Mount déi lëtzebuerger MicroPayment App FLASHiz virgestallt haten, hunn ech gëschter dës méi Bezuelmethode fir d'éischt konnten benotzen. An den Filialen vum Bäcker Fischer hunn se elo een iPad virun der Kees stoen, wou dann een QR Code dropstoen kënnt deen mat der FLASHiz App dann ascannt. Fir d'Vendeuse war et och hier éischt FLASHiz-Bezuelung, esou dat se huet missen nokucken wéi dat Ganzt fonctionnéiert. Normalerweis géif ech mengen dat d'Transaktioun ongeféier genau esou laang dauert wéi wann een mat enger anerer Kaart géif bezuelen. Wat de System selwer ugeet, esou schéngt en technesch ausgeräift ze sinn an en huet séier a gutt fonctionnéiert. D'Umeldung um Site an d'Oplueden vum Compte geet ouni Problem.

Nei App: RTL iPaper

Wenn ech mech net verzielt hunn ass RTL iPaper déi 10. App déi mir an deenen leschten 2 Méint virgestallt hunn an dee Fakt schéngt och méi interessant ze sinn wei d'App selwer. Mat der App soll en Brochuren ("Reklammen") liesen kënnen mä d'Offer ass bis elo nach ganz bescheiden.

D'App selwer leeft bei mir weder um Smartphone (Galaxy S2) nach um Tablet (Asus Transformer Prime) gutt, geschweige denn flësseg an wenn en bei enger Broschüre d' "Zeréck Tast" dréckt lant en bei engem schwaarze Bildschierm.

Wat bréngen Google I/O an Amazon ?

Vir et kuerz ze soen Android 4.1, 7 Zoll Nexus Tablet an Amazon Appstore/ Kindle Fire fir Europa, mä dat sinn bis elo nëmmen Gerüchter an Spekulatiounen.

Lo awer mol een nom aneren, den 27. Juni fänkt d’Entwécklerkonferenz Google I/O an San Francisco un. De Gerüchter no soll Google déi Geleeënheet notzen een Nexus Tablet virzestellen. Dësen Tablet soll een 7 Zoll groussen Bildschierm wéi och en Tegra 3 Quadcore Prozesser hunn an soll nëmmen 200 Dollar kaschten. Dat sinn awer nëmmen Gerüchter déi awer schonn vun vill Säiten „bestätegt“ goufen, et sinn schonn Fotoen opgedaucht an Asus wéi och Nvidia haten virun laangem gesot et giff probéiert ginn een Tablet fir 250 Dollar ze produzéieren.

Nei App: Asile Dudelange

"Bunker Palace" publizéiert no der MUDAM App och eng App fir d'Déieren Asyl zu Diddeleng.

An der App selwer fann dir déi neisten Informatiounen iwwert d'Asyl wéi och eng Lëscht vun den Hënn an Katzen déi een neit Doheem sichen.

Google Play store Link

Nei App: Luxauto

Wei an der Coming Apps Rubrik versprach, huet Luxauto mat enger klenger Verspéidung hier Android App lancéiert.

Hei ass de Google Play store Link fir bei d' "Nummer 1 vun de Lëtzebuergeschen Occasiouns Annoncen" Luxauto Android Applikatioun.

 

Neien Test: Wort.lu

Nodeems d’Wort.lu Android App e klengen Update mat puer Ännerunge krut (och puer Proposen vun eiser Säit), hunn mir d’App elo eng Kéier méi genau ënnert d’Luppe geholl an am Detail getest.

Den Test fann Dir hei.

 

Wéi liesen ech am beschten lëtzebuergesch Zeitungen (an Noriichten) mam Android Smartphone / (Tablet) ?

Virun iwwert engem Joer hate mir eis des Fro schonn eng Kéier gestallt an säit dem huet sech awer (glécklecherweis) vill geännert.

Hei eng kleng Iwwersiicht vun den Alternativen:

 

Nei App: One Minute Game

Dat éischte Spill vun engem lëtzebuergeschen Entwéckler huet et an den Google Play store gepackt. Beim "One Minute Game" muss een souvill Sekonnen retten wei méiglech an dat (wiën wonnert et) an enger Minutte, also e klengt Arcade Spill fir Zwëschenduerch. 

"One Minute Game" wäert awer net laang dat eenzegt Spill vun engem lëtzebuergeschen Entwéckler bleiwen, well nach een zweet Spill vun Fedi Games an der Maach ass.

Nei App: Statec

De Statec huet ouni vill Reklamm hier Android App lancéiert. Soumat kenn dir och mam Android Smartphone all offiziell Statistiken aus Lëtzebuerg kucken.

Weider Informatiounen wei och d'Statec App selwer ginn et hei am Google Play store.

 

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera