Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Police.lu App och gläich fir Android

Nodeems d'Police Grand-Ducale dëse Méinden hier App fir iPhone an iPad lancéiert huet, wäert an deenen nächsten Deeg och eng Android Versioun an den Google Play store kommen.

Mir huelen un dat d’Android App de selwechten Fonktiounsemfang wäert hunn wei d’iPhone App. D’App bitt eng Push-Funktioun fir wichteg Informatiounen zum Thema ëffentlech Sécherheet (Warnmeldungen, Zeien- an Fahndungsopriff). Dobäi gëtt een iwwert Police Rapporten, Radarkontrollen an Taffikinformatiounen informéiert an et kann een Policevideo, wei och CITA- Traffik-Iwwerwaachungsbiller kucken.

Integréiert Spellchecker.lu Korrektur ab Hierscht

Mat der nächster Spellchecker.lu Android App wäert et méiglech sinn iwwert en neien Hannergrondservice d'Texter an "allen" Applikatiounen corrigéieren ze loossen (SMS, Mail, Facebook, ... ).

Den Update kënnt Enn Hierscht an wäert ab Android 4.0 Ice Cream Sandwich kompatibel sinn.

 

Amazon mat neien Kindle Fire Tablets (och an Däitschland)

Amazon huet Gëschter op enger Pressekonferenz seng nei Kindle Rei virgestallt, niewent dem neien E-Reader Kindle Paperwhite sinn och 3 Kindle Fire Tablets presentéiert ginn.

Den „ale“ Kindle Fire den et schonn säit engem Joer an den USA gëtt, krut e klengen Update mat engem Dualcore Prozessor an de Bildschierm bleift bei 7 Zoll mat enger Opléisung vun 1024x600 Pixel.

Nexus 7 Verkaafsstart an Europa, och an Lëtzebuerg?

Mëtt Juli ass den Nexus 7 an den USA op de Marché komm, lo knapp annerhallwe Mount méi spéit verkeeft Google den Nexus 7 iwwert de Play store an Däitschland, Frankräich a Spuenien. Donieft wärt an deenen nächsten Deeg den Nexus 7 och an de Butteker verkaf ginn, konfirméiert hunn dat ënner anerem den däitsche Saturn.

De Nexus 7 ass am Präisleeschtungsverhältnis net ze schloen, mat sengem 7 Zoll (1280 x 800-HD) Display an Tegra 3-Quad-Core-Prozessor gëtt et de Nexus 7 als 8 GB Versioun fir 199 an als 16GB Versioun fir 249 Euro ze kafen. Donieft kritt een 20 Euro guttgeschriwwen fir am Google play store ze "shopen". Ofstrécher fir de Präis muss en awer bei der fehlender Kamera op der Récksäit an dem SD-Slot man.

LuxAndroid sicht Ënnerstëtzung

Fir eis Lieser nach besser an méi iwwert d’Android Welt zu Lëtzebuerg an ronderëm d’zinforméieren sichen mir Ënnerstëtzung fir eis "Equipe".  Wéi d’Unzuel vun eise Lieser wëlle mir och eis Equipe vergréisseren. (am Moment sinn mir zu Zwee)

Wanns du interesséiert bass mat eis ze schaffen, dat heescht Artikelen ze schreiwen, Apps ze testen, de Forum ze moderéieren, dann kontaktéier eis einfach.

Google Play Gift Cards sinn offiziell, awer "nach" net bei eis.

Nodeems déi lescht Deeg d’Gerüchter iwwert d’Google Play Gift Cards emgaangen sinn, huet Google lo offiziell op hirem Site des nei Geschenkkaarten virgestallt. Wéi een och an den „Terms of Service“ noliese kann, sinn des Kaarten bis elo nëmmen an den USA gülteg bzw kennen nëmmen an den USA kaf ginn.

Et grousse Kretikpunkt wor jo dat een eng Visa oder Masterkaart misst hunn fir Apps am Google Play store zu kafen, dat soll sech lo awer mat dësen Geschenkkaarten änneren.

Tablets: Wéieen ass de Richtegen?

Android gëtt et an villen Formen, als Smartphone, Tablet,  Smartlet, Notebook an lo gläich souguer als Konsole. Um Smartphone Marché huet Android et schonn op d’Platz 1 gepackt, mä bei den Tablets hänkt Android leider nach hannert Apple mam iPad.

Obwuel déi nei Android Tablets sech an (bal) kenger Hisiicht mussen virum iPad verstoppen.

Android Statistiken & Zuelen

Den 21. Oktober 2008 ass Android mat der Versioun 1.0 an dem HTC dream G1 Smartphone un de Start gaangen, knapp 4 Joer méi spéit  sinn mir bei Android 4.1. alias Jelly Bean an iwwer 4000 verschidden Android Modeller.

An dësen 4 Joer sinn iwwer 400 Milliounen Android „Geräter“ (Smartphonen, Tablets,) aktivéiert ginn an et kommen all Dag iwwer 1 Millioun dobäi.

Nei Kategorien & Applikatiounen

Well a leschter Zäit ëmmer méi nei lëtzebuergesch Android Applikatioune lancéiert ginn sinn an een esou lues den Iwwerbléck bei souvill Apps verléiert, hunn mir d’Applikatiounen lo och an Kategorien agedeelt.

Et sinn awer net wei beim Google Play store 34 Kategorien, mä wéinst der Iwwersiicht hunn mir eis fir 7 LuxAndroid Kategorien decidéiert:  Zeitungen & Neiegkeeten, Tools & nëtzlech Apps, Banken, Veräiner & Organisatiounen, Entreprisen, Spiller an déi Tablet optimiséiert (op déi mir an deenen nächsten Deeg nach mei genau wäerten agoen).

Nei Apps: Banque de Luxembourg News & Mobile Banking

D'Banque de Luxembourg lancéiert hier News an Mobile Banking Android Applikatiounen.

D'BL News App informéiert iwwer d'Neiegkeeten, d'Investmentfonds an d'Servicer vun der Banque de Luxembourg an d'BL Mobile Banking App bitt niewt deenen selwechten Funktiounen och nach den Mobile E-Banking un.

Niewt der Bil an der Banque de Luxembourg feelt awer nach d'Spuerkeess mat der "Android Mobile E-Banking" App, déi awer och gläich un den Android Start goen misst.

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera