Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Netzofdeckung zu Lëtzebuerg mam NetMeterProject

Dir wëllt gäre wëssen wou dir zur Lëtzebuerg weieng Connectioun mam Smartphone hutt? Dann maacht beim NetMeterProject mat an hëlleft d'Netzofdeckung zu Lëtzebuerg ze kartographéieren. Ëmmer wenn dir mam Auto, Bus oder Velo ënnerwee sidd einfach d'NetMeterProject Android App starten an hëllefen d'Kaart ëmmer méi ze kompletéieren.

D'Kaart mat all den Operateuren an Länner kenn dir dann um NetMeterProject Site nokucken.

Nei Apps: Bomdia.lu, OGBL, Sales-Lentz an Voyages Léonard Magazin

De leschte Mount sinn awer och nach weider lëtzebuergesch Applikatiouen an den Google Play store komm, iwwert déi mir bis elo nach net geschriwwen haten. Ugefangen mat der Android App vun Bomdia.lu, e Noriichte Site fir d'Portugisesch Communautéit zu Lëtzebuerg.

Donieft ass knapp ee Mount no der LGCB App och den Onofhängege Gewerkschaftsbond Lëtzebuerg, OGBL mat enger Android App nogezunn.

Spuerkeess S-net Android App kënnt am Dezember

Nodeems d'Spuerkeess virun kuerzem S-Digicash App lancéiert huet, wärt Ufank Dezember dann d'S-net Android App nokommen. D'Entwécklung vun der App schéngt méi laang zedaueren wéi geplangt, mä déi vun villen schonn laang erwaarten App léisst jo net méi all zelaang op sech waarden.

D'Android App wärt de selwechten Fonktiounsëmfang hunn wei d'iOS Versioun an soll och fir Tablets kompatibel sinn, mä net spezifesch dofir ugepasst.

Nei App: S-Digicash

Spuerkeess huet nach virun hirer S-net App, d'S-Digicash Android App an d'Renne geschéckt. Mat der App sollen iwwert een QR-Code ganz einfach Rechnunge kënne bezuelt ginn, sief dat Rechnungen déi Doheem ufalen, an de Butteker oder am Internet. D'Umeldung leeft ganz einfach iwwert den S-net an engem QR-Code, viraus gesat dat e Client bei der BCEE ass.

Perséinlech feelt mir d'Funktioun aner "privat Persounen" einfach Suen iwwert d'App ze schécken, sou wei dat bei FLASHiZ méiglech ass an weider Informatiounen wéieng Geschäfter dann all dëse Service ënnerstëtzen.

Nei App: Yellow.lu

D'online Telefonsbuch Yellow.lu huet virun kuerzem hier "Android App" an den Google Play store gesat. Mat der App kann een wei vun Yellow.lu gewinnt Telefonsnummer an Adressen nosichen, donieft ass et méiglech Qr-Coder ze scannen an vun speziellen Coupons ze profitéieren. Google Play store Link

"Android App" steet ënner Gänseféisercher, well et sech bei dëser App einfach nëmmen eng Copie vun der iOS Versioun handelt, déi a mengen Aan zemools ochnach schlecht ëmgesat ginn ass. E klengen Update misst an deenen nächsten Deeg erauskommen, den awer och nëmmen puer kleng Bugs (Probleemer) wäert behiewen.

Nei App: lux-airport

De Fluchhafen um Findel bréngt hier offiziell lux-airport App an den Google Play store.

Iwwert d'App kritt dir Detailer iwwert d'Flig um Fluchhafen, wei och weider Informatiounen iwwert den Check-in, den Transport, Parkplazen an villes méi. Leider ass d'App rëm komplett am iOs Design, mä dat soll es net weider stéieren. Google store Link

Nei Android Versioun 4.2 Jelly Bean

Obwuel nach kaum een ausser d'Nexus Reih Android 4.1 huet, lancéiert Google awer och eng nei Jelly Bean Versioun. Mat Android 4.2 kënn dir selwer Google Street View spillen an 360° Panorama Foto maachen, donieft huet sech de Layout bei den Tablets geännert an gläicht lo bal rëm 1:1 dem Smartphone Layout.

Nexus 4, Nexus 7 an Nexus 10

Obwuel Google hier offiziell Pressekonferenz wéinst dem Hurrikan Sandy ofgesot huet, sinn haut iwwert den offiziellen Android Blog déi neisten Nexus Modeller virgestallt ginn.

D'Nexus Rei fänkt mam neien Nexus 4 un an kann sech mat sengem 4,7 Zoll HD Bildschierm wei och mat engem Qualcomm Snapdragon S4 Pro Quadcore Prozessor weise loossen. Leider kënnt den vun LG gebauten Smartphone rëm ouni SD Slot an nëmmen mat 8 oder 16 GB Späicherplaz. All Detailer bei AndroidPit

Google feiert 25 Milliarden Downloads am Play store

Virun knapp 4 Joer ass den Android Market gestart ginn, dëst Joer am März ass den Market an den Google Play store ëmgedeeft ginn an des Woch feiert Google dat schonn iwwer 25 Milliarde mol Applikatioune gedownload gi sinn.

5 Deeg laang ginn et all Dag eng Rei un Applikatiounen als Promo vir nëmmen 25 Cent ze kafen. Leider nach net zu Lëtzebuerg mä am Ausland kommen nach eng Rëscht vun Filmer, Bicher, Musek an Zäitschrëften dobäi.

Nei App: LCGB News

De Lëtzebuerger Chrëschtleche Gewerkschaftsbond ass den éischten den sech no enger laanger Summerpaus nei op den lëtzebuergeschen Android Marché traut. D'LCGB News App ass vun Jeeni S.A. entwéckelt ginn an bitt wei de Numm et verréit d'Noriichten vun der Gewerkschaft.

D'App ass eng 1:1 Kopie vun der iPhone App, mä et kann net schueden d'App Beschreiwung am Google Play store unzepassen ;).

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera