Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

2 Joer LuxAndroid: Bilan 2012

LuxAndroid féiert haut schonn den 2. Gebuertsdag, d’Säit déi als kleng Idee ugefangen huet, wiisst och ëmmer weider.

Iwwert d’Joer verdeelt hunn mir iwwer 70 kleng Noriichte geschriwwen fir iwwer Android zu Lëtzebuerg ze berichten. D’Majoritéit vun deenen Noriichten woren iwwert déi nei lëtzebuergesch Android Applikatiounen, an nëmmen engem Joer woren dat der iwwer 42 !! Lëscht mat allen lëtz. Apps & Statistiken iwwert d’Apps

Nei App: S-net Mobile

Déi am meeschten erwaarte lëtzebuergesch Android App ass endlech do, d’Spuerkees huet haut d’S-net Mobile App am Google Play store fräiginn.

Wei erwaart huet d’Android App déi selwecht Funktioune wei d’iOS Versioun, a wei leider sou oft och den Design. Zu de Funktioune gehéieren d’Sich no dem nächste Spuerkees Guichet oder Bancomat an natierlech S-net Funktioune wéi ënnert anerem de Kontostand zu kucken oder Virementen ze man.

"Nei Apps" & Statistiken

Mir hunn puer méi oder wéineg nei lëtz. Android Apps nach net virgestallt. Ugefangen mat der App vun Paperjam , dem Magazin mat Noriichten aus der Economie an Finanzwelt zu Lëtzebuerg.

Als zweet huet de Cafe Le Troquet eng App lancéiert , fir déi neisten Informatiounen kënnen ze liesen. (Dës zwou Applikatiounen sinn leider wei sou oft komplett op der iOS Versioun baséiert.)

Nei App: Mister Resto

Den MISTER-RESTO Service bréngt eng App an den Google Play store, mat der een en Dësch am Restaurant reservéieren kann. Eppes virweg: des App brauch e net! Domadder ugefangen dat nach net vill Restauranten fir de Service ugemellt sinn, enplus sinn d'Kaarten net ugepasst mä ginn ganz schlecht als PDF ugewisen an d'App ass rëm guer net fir Android ugepasst (iOS Design an mam "zeréck Button" kënnt een rëm nëmmen aus der App raus...)

Wien e Restaurant sicht huet besser einfach ze googlen, Editus oder Yellow.lu ze benotzen.

Nei App: APP'N'DRIVE

Den ACL lancéiert d'Android App APP'N'DRIVE vum yellowCAB Service. Jo bei deenen ville Nimm kennt e mol schnell duercherneen zemools well bei der Beschreiwung och nach vun Taxitronic geschwat gëtt, dem System vun den Taxameteren. Kuerz gesoot d'App ass fir den Yellowcab.lu Service vum Automobil Club Lëtzebuerg, fir Taxien ze bestellen.

Zu der App selwer, et brauch een eng ACL Memberskaart fir sech fir d'App unzemellen an dann kann een och schonn no enger klenger SMS Bestetegung den Taxi bestellen. Dat wei vum Smartphone gewinnt einfach iwwer d'GPS Koordinaten dobäi d'App ass souguer liicht am Android Holo Style gehalen.

Nei App: Spellchecker.lu live

Säit gëschter ass den Spellchecker.lu live am Google Play Store ze fannen. Den Service spellchecker.lu dierft esou wäit jidderengem geleefeg sinn, deen schonn emol probéiert huet e feelerfräien Saz op Lëtzebuergesch ze schreiwen. An déi Funktionalitéit gëtt et elo och an enger App déi sech wonnerbar an den Android-System integréiert. No der Installatioun an der Aktivéierung bidd d'Applikatioun eng simultan Orthographiekorrektur an allen Textfelder, egal ob Email, SMS, Facebook oder och all aner App. 

NetMeterProject lo och op Lëtzebuergesch

Mir hunn gehollef dat den NetMeterProject och elo op Lëtzebuergesch ze Verfügung steet, d'Säit ass schonn op Lëtzebuergesch ofruffbar an d'App huet mam nächsten Update och eng lëtz. Versioun.

All Verbesserung vun der Iwwersetzung ass natierlech ëmmer Wëllkomm.

Donieft siche mir och nach Hëllef fir d'NetMeterProject App an Säit op Franséisch d'ziwwersetzen, dobäi wier et bei gudden franséisch Kenntnisser eng Stonn Aarbecht an eng Gutt Reklamm fir LuxAndroid. (Trauen mir et no den Schwieregkeeten mam Lëtzebuergeschen op Franséisch net zou ;))

Merci!

Lo och mat Userblog: LuxAndroid sicht Ënnerstëtzung

Wenns du selwer eng Kéier eppes iwwert Android schreiwe wëlls dann ass eise néien Userblog eng gutt Méiglechkeet fir vill interesséiert Lieser ze fannen. Sief et een Test vun enger App oder Smartphone, eng Presentatioun vun denger Lieblingsapp, een Tutorial fir anere Leit ze hëllefen oder einfach nëmmen eppes zum Thema Android dats du wëlls lassginn dann ass den LuxAndroid Userblog genau dat richtegt!

Wenns du schonn eng Idee solls hunn oder villäicht souguer schonn eppes geschriwwen hues dann zeck net eis ze kontaktéieren.

Nei App: Restopolis

Knapp 9 Méint no der iOS App kënnen och elo d'Schüler an Proffen mam Android Smartphone de Menu vun den Restopolis Schoul Restauranten liese goen. Des Kéier kommen d'Android Notzer besser wech an kréien weider Funktiounen integréiert wéi z.B d'Multi-account Funktioun an et ass och méiglech mat der App den Account opzelueden.

Google Play store Link

Nei App: Police.lu

Genau 2 Méint an net wei ugekënnegt e puer Deeg no der iOS App huet d'Police Grand-Ducale hier Android App Police.lu am Google Play store lancéiert.

Op den éischte Bléck huet d'App wei ugeholl déi selwecht Funktiounen wei d'OS Versioun.

Police.lu Google Play store Link

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera