Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Google I/O 2013: Wat gëtt et neies vun Google?

Google I/O ass d'Entwécklerkonferenz vun Google, bei der déi neisten Google Hard- an Software virgestallt gëtt an dobäi Workshops fir Entwéckler ugebuede ginn.

Gëschter huet Google während der Keynote dat Neisten vun Google presentéiert, well et sech heibäi ëm eng Entwécklerkonferenz handelt sinn net awer all Neiegkeeten fir den „Enduser“ interessant.

 

Nei App: JPEE 2013 (D'Spiller vun de klenge Länner)

D'Spiller vun de klenge Länner starten den 27. Mee hei zu Lëtzebuerg an fir de Programm wéi och all weider néideg Informatiounen um Smartphone liesen ze kënnen, ass eng Android App lancéiert ginn.

Um Nexus 4 léisst sech d'App leider ganz schlecht navigéieren, well een aus de Menu Punkter net méi zeréck kënnt...

 

Lëtzebuergesch fir Swiftkey: Mir brauchen är Stëmmen!

Ee vun de grousse Virdeeler vun Android sinn d‘Upassungsméiglechkeeten. Sou kann ee mat der Swiftkey App seng „Standard Tastatur“ komplett ersetzen an domadder an de Genoss vun villen weidere Funktioune kommen.

Swiftkey erkennt däi Schreifstil a leet e personaliséiert Wierderbuch un, sou datt d’App Wierder viraussoe kann. Mä fir dat dës Virausso vu Wierder oder d'Autokorrektioun richteg funktionéiert, gräift d’App natierlech och op en Dictionnaire zeréck.

Wort.lu-App: Opreegung iwwert d’App-Rechter Gottseidank onbegrënnt !

Déi nei Rechter vun der Wort.lu-App, déi zanter dem Update vum 26. Abrëll benéidegt ginn, hunn bei äise Lieser fir Opreegung gesuergt, ënnert anerem wëll d’Leid Angscht virum Mëssbrauch vu perséinlechen Daten haten. Als Programméirer an Designer fir Apps a Websites wollt ech mech perséinlech zu dësem äusserst kriteschen Thema äusseren. Ech gesi mech selwer op dëser Platz als neutralen Entwéckler, ech hunn also absolut näischt mat Wort.lu oder der Entwécklungsfirma ze dinn.

"Nei Apps": Deloitte LU, Lux Business an Weidendall

D'Consulting Entreprise Deloitte Luxembourg huet Enn Mäerz eng Android App lancéiert. Et kann en schnell duerch d’App navigéieren an bis op d'Menubar schéngt d’App un Android ugepasst zesinn.

An well mir nach net genuch iOS portéiert Apps hunn, huet Lux Business fir den 1. Abrëll (wei passend) eng Android App erausbruecht. D'App ass leider nëmmen op franséisch, obwuel hier Internetsäit dräisproocheg ugebuede gëtt. Heiansdo wier et einfach besser eng mobil Säit zeman, soudatt en Betribssystem onofhängeg gutt all Informatioune kritt.

D’Wort.lu App krut e gréisseren Update, wat huet sech geännert?

Op den éischte Bléck fält den liicht verännerten Design op, den sech komplett nom Wort.lu Site riicht an dobäi ganz modern an dezent ass. Den Design ass ab dëser App Versioun bei iOS an Android de selwechten, wat an dësem Fall awer ganz positiv ass well en neutral gehalen ass.

Donieft ass d’Facebook an Twitter Integratioun an der App méi staark ginn, sou dat et elo och méiglech ass mat sengem Facebook Login Kommentarer zu verschiddenen Artikelen ofzeginn.

KinoLux Update: Wat wäert kommen? Mir hunn nogefrot

Wei LuxAndroid am Dezember 2010 un de Start gaangen ass, wor Kinolux eng vun 3 lëtzebuergeschen Apps déi et fir Android ginn sinn. Nom éischten Test op LuxAndroid wor och kloer dat des nëtzlech App e Muss fir all Kinogänger ass.

No engem klengen Update mat IMDB Integratioun an puer Bugfixen, ass am Februar op der Facebook Säit vun KinoLux en gréisseren Update ugekënnegt ginn.

Nei App: Guichet

Eise Grand-Duché huet d'Guichet.lu Android App lancéiert. Mat der App huet en Zougrëff op en "interaktiivt Telefonsbuch" fir déi richteg Behörd fir är administrativ Demarchen ze fannen. (Sorry fir dëse Satz ;))

Ofgesinn vun dësem Telefonsbuch baut d'App komplett op der mobiler Säit vun Guichet.lu op, well d'mobil Säit méi flësseg am Browser leeft, muss en sech d'Fro stellen op een d'App dann nach brauch.

Google Play Music ab elo och zu Lëtzebuerg

Dat klengt Land Lëtzebuerg muss bei Google leider op villes waarden, mä haut ass endlech d'Musek Offer am Play Store fräigeschalt ginn. Google Play Music bidd awer net nëmmen de Verkaf vun Musek un, mä et kann een och seng eegen Musek eroplueden an streamen.

Leider ass dat nach ëmmer nëmmen e klengen Brochdeel vun der ganzer Play store Offer, bei de Noperen an Däitschland kann een z.B och nach Filmer, Bicher an d'Nexus Reih kafen. (an den USA och nach Zäitschrëften)

Google Play store Update mat neiem Design

No enger längerer Paus ass LuxAndroid rëm zeréck an fir rëm lues den Uschloss ze kréien, fänken mir mat enger klenger Android Neiegkeet un.

Google huet ugefangen déi neiste Versioun 4.0 vum Play store ze verdeelen, fir méi genau zesinn 4.0.25, wei un der Versiounsnummer d'zerkennen handelt et sech ëm e gréisseren Update an zwar mat engem neien Design.

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera