Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Wat ass NFC an wat kann een alles domadder maachen?

NFC steet fir Near Field Communication an ass e Standard fir Daten per Funk iwwer kuerz Distanzen z’iwwerdroen.

Sou ass et méiglech mat engem Smartphone, deen NFC ënnerstëtzt, Date vun engem NFC Tag auszeliesen. Déi am NFC Tag gespäichert Date kënnen eng Websäit, Adress, Telefonsnummer oder villes méi sinn.

NFC Tags ginn et a ville Formen, dobäi ass et awer ëmmer en Chip (passiven Transmitter), dee mat engem aktiven Transmitter (z.B Smartphone) ausgelies ka ginn an dat iwwert eng kuerz Distanz vun 1-4 cm.

Ënnerstëtzt mäi Smartphone och NFC?

E puer Blackberry- wéi och Windows-Phone-Modeller ënnerstëtzen NFC, mä am meeschte verbreet ass NFC bei den neien Android Smartphones an der Nexus-Rei (den iPhone ënnerstëtzt keen NFC).

Eng Lëscht mat alle Smartphones déi NFC ënnerstëtzen ass hei ze fannen.

Ginn et e puer Beispiller fir wat ech dann elo genau mat deenen NFC Tags maache kann?

NFC Tags kënnen am Alldag ganz praktesch sinn an et kann een domadder vill Zäit spueren.

Mat der App NFC-Aufgaben-Launcher kann een Aufgaben engem Tag zouuerdnen. Da muss een nëmme méi nach de Smartphone iwwert den Tag halen, an da ginn déi virdrunner programméiert Aufgabe gestart, wéi z.B. de Wifi un- oder ausschalten, de Smartphone op Lautlos stellen, etc.

Op engem Tag um Nuetsdësch sinn d’Aufgabe gespäichert datt de Smartphone op Lautlos gestallt gëtt an datt d’Wecker-App gestart gëtt.

Am Auto kann en Tag programméiert ginn datt de GPS ugeschalt gëtt, d’Display Hellegkeet op Max. regléiert gëtt an d’GPS-App gestart gëtt. Dësen Tag kann een dann zum Beispill als Kaart an den Auto leeën oder als Pechbild op d’Halterung pechen. En Tag kann och mat zwou Aufgabe programméiert gi sou datt z.B., wann en Tag eng zweete Kéier gelies gëtt, de GPS sech rëm ausschalt.

Um portabele Bluetooth-Lautspriecher z.B Boombox ass en Tag, deen de Bluetooth aschalt, de Medievolume regléiert an d’Musek-App start. Soudatt een nëmmen de Smartphone eng Kéier widdert den Tag hale muss an alles automatesch ofleeft.

Et kënnen awer net nëmmen Aufgaben op en Tag programméiert gi, mä et kënnen och Texter, Telefonsnummeren oder och komplizéiert WLAN-Passwierder op engem Tag gespäichert ginn, da muss de Besuch nëmme kuerz den Tag ausliesen an d’Passwuert kopéieren.

Dëst sinn nëmmen e puer Beispiller an et ginn nach vill aner Uwendungsberäicher a jiddereen ka sech d’Tags esou programméieren wie e se brauch. Wiem d’App NFC-Aufgaben-Launcher net genuch Méiglechkeete bitt, dee kann och nach den Tasker als Erweiderung notzen.

Wou kréien ech d’NFC Tags?

NFC Tags kann ee sech ganz einfach iwwer Internet bestellen, Tags an alle Faarwen a Formen, wéi och speziell Starter Kits kritt ee beim NFC-Tag-Shop.de .

An net ze vergiessen den NFC LuxAndroid Starter Kit, den mir extra fir eis Lieser zesumme gestallt hunn. (Den Verstand op Lëtzebuerg ass fir dësen Starter Kit gratis an déi éischt 10 Commanden kréien een NFC-Cloud.de Tag gratis)

Wat ass NFC-Cloud.de?

Mat NFC-Cloud.de ass et méiglech ären Tag mam Internet ze verlinken, sou dat dir den Contenue vum Tag, z.B een Text iwwer Internet kënnt änneren, ouni eppes um Tag selwer ze maachen oder den Tag bei iech ze hunn.

Nodeel heibäi ass dat den Tag nëmmen mat enger Internet Connectioun richteg kann gelies ginn. 

Wéi kann ech NFC nach notzen?

NFC kann och tëschen zwee aktiven Transmittere genotzt ginn; sou kënnen zum Beispill ganz einfach Fotoen iwwerdroe ginn andeems een zwee Android-NFC-Smartphones beieneen hält.

(LuxAndroid mécht kee Gewënn um Verkaf vum Starter Kit, soudatt dir am meeschten dovunner profitéiere kënnt)

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera