Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Wort.lu-App: Opreegung iwwert d’App-Rechter Gottseidank onbegrënnt !

Déi nei Rechter vun der Wort.lu-App, déi zanter dem Update vum 26. Abrëll benéidegt ginn, hunn bei äise Lieser fir Opreegung gesuergt, ënnert anerem wëll d’Leid Angscht virum Mëssbrauch vu perséinlechen Daten haten. Als Programméirer an Designer fir Apps a Websites wollt ech mech perséinlech zu dësem äusserst kriteschen Thema äusseren. Ech gesi mech selwer op dëser Platz als neutralen Entwéckler, ech hunn also absolut näischt mat Wort.lu oder der Entwécklungsfirma ze dinn.

D’Zougrëffsrechter vun enger Android-Applikatioun, an der Fachsprooch och nach ‘Permissions’ genannt, si grondsätzlech dozou bestëmmt, dem User ze weise, op wéieng Daten d’App kann zeréckgräifen. Wann eng App vill vun dësen Rechter benéidegt, kann dat e Benotzer natierlech skeptesch maache, wat zemools bei dubiéisen Apps guer net esou falsch ass. Allerdings soll en eng App net direkt fir schiedlech erklären, wann si eng grouss Unzuel un Permissions verlaangt, besonnesch da net, wann d’Firma di hannendru steet relativ bekannt ass. 

Och wann ech nëmmen driwwer spekuléiere kann, probéieren ech mol di eenzel Zougrëffsrechter ënnert d’Luppe ze huelen an eng méiglech Erklärung ze liwweren : 

  • Eng Partie vun de neie Rechter si wahrscheinlech op d’Push-Notifications zeréckzeféieren, déi an der Update däitlech ausgebaut goufen. Push-Notifications ginn op Android iwwert e bestëmmten System vu Google gesent, de sougenanntene ‘Google Cloud Messaging’ (kuerz GCM). De GCM verlaangt vun der App eng ganz Partie Zougrëffsrechter, ënnert anerem och den erweiderten Internet-Zougang, den Zougrëff op d’Konten um Handy (notamment de Google-Gmail-Kont) an erweidert Systemrechter.
  • Opfälleg ass ausserdeem dat d’Notzung vum GPS muss erlaabt ginn. Och dofir gëtt et eng logesch Erklärung : Verschidden Elementer vun der App (ënnert anerem d’Rubrik ‘Parkplätze’) sinn esou optimiséiert, dat se d’Ortungsdaten notzen fir dem Benotzer e bessere Komfort ze bidden (z. B. de Parking den am nootsten ass uweisen).
  • Och den Zougrëff op d’Uriff déi erakommen ass begrënnt ; sou ass ett zum Beispill sënnvoll daat eng App e Video stoppt wann de Benotzer ugeruff gëtt 

Eppes wichteges well ech hei nach erwähnen, wat leider vu Notzer ganz oft falsch verstane gëtt : Wann eng App en Zougrëff op Daten huet, heescht dat nach laang net dat d’Firma déi hannendru stëcht och en direkten Zougrëff op dës Daten huet. Nach laang net all Firma ass drun interesséiert, Tonnen an Tonnen un absolut onnéidegen Daten (z. B. Ortungsdaten) ze sammelen an ofzespäicheren.

Mäi Fazit also: eng gewësse Virsiicht ass ëmmer gutt a wichteg, mee et soll en et net iwwerdreiwen. Am beschten ass et ëmmer ze kucken, wei vertrauenswirdeg d’Firma ass, déi hannendru stecht ! 

 

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera