Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Tablets: Wéieen ass de Richtegen?

Android gëtt et an villen Formen, als Smartphone, Tablet,  Smartlet, Notebook an lo gläich souguer als Konsole. Um Smartphone Marché huet Android et schonn op d’Platz 1 gepackt, mä bei den Tablets hänkt Android leider nach hannert Apple mam iPad.

Obwuel déi nei Android Tablets sech an (bal) kenger Hisiicht mussen virum iPad verstoppen.

Bei den Android Tablets gëtt een scho bal vun enger riseger Auswiel iwwerschwemmt, déi éischte Fro déi een sech stelle muss ass d’Gréisst vum Display, hei sinn 7 Zoll an 10 Zoll déi zwou etabléierste Gréissten an dobäi variéiert och nach d’Opléisung vun den Bildschiermer. Do muss jiddereen seng perséinlech Preferenz fannen ob 7 Zoll duergeet oder ob et 10 Zoll musse sinn.

Dann jee no Budget variéiert och d’Prozessor Leeschtung, Samsung setzt am Moment op Dualcore woubäi d’Majoritéit awer op den Nvidia Tegra 3 Quadcore Prozessor zeréckgräift an soumat genuch Leeschtung fir all Aufgab hunn. Wenn een net wëll mat der Leeschtung ageschränkt sinn, sollt et awer schonn en Dualcore Prozessor sinn.

Den drëtte Punkt ass dann d’Späicherplaz déi am mëttel bis heigen Präissegment bei 32 GB läit dobäi kann een awer och meeschtens d’Späicherplaz mat enger SD Kaart erweideren.

Als leschte Punkt kommen d’Uschlëss, vill Tablets bidden en mirco-HMDI Uschloss fir den Tablet direkt mat der Tele verbannen ze kënnen, oder en Mirco-USB Uschloss fir e Stick oder en Harddisk uschléissen ze kennen.

Mä wéieen Tablet ass da lo de richtegen?

Nodeems een sech d’Fro vum Bildschierm, dem Prozessor, der Späicherplaz an den Uschlëss gestallt huet, kënnt och nach de perséinlech Goût dobäi (Design, Faarf,) an op den Tablet dann och mat der aktueller Android Versioun leeft.

Perséinlech giff ech net wéi d’lëtzebuergesch Handy Operateuren zu engem Samsung Tablet gräifen, Samsung huet einfach ze vill verschidden Modeller déi deelweis ze laang op een Update waarde mussen an et ginn einfach ze vill besser Alternativen.

Asus bitt zum Beispill den Transformer Pad TF300T un mat engem 10 Zoll Display, Tegra 3 an wenn een wëll mat Tastaturdock sou dat een den Tablet och als „Notebook“ benotze kann.

        

Wenn een op d’Tastatur verzichte kann, gëtt et och nach den Acer Iconia A510 mat ähnlecher Hardware fir puer Euro méi bëlleg an Acer Iconia A700 wenn een en Full HD Display well.

Wenn dir eppes iwwert den Amazon Link hei bestellt (sief et een Tablet, Smartphone oder och all anere Produit), kritt LuxAndroid eng kleng Provisioun an dir hutt natierlech keen Nodeel. Merci fir är Ënnerstëtzung!

Anescht gesäit et aus wenn een sech fir een 7 Zoll Tablet decidéiert huet, mam beschten Präisleeschtungsverhältnis ass den Nexus 7 ouni Zweiwel d’Nummer 1. Leider gëtt den Nexus 7 bis elo nëmmen an den USA an England verkaf, mä de Europastart ass „inoffiziell“ am September geplangt, also besser nach e bësse waarden.

Dës 4 Tablets sinn natierlech lo nëmmen eng kleng perséinlech Preferenz (déi e gutt Präisleeschtungsverhältnis hunn), natierlech ginn et nach vill aner gutt Tablets oder méi präisgenchteg Tablets.

Een méi speziellen Tablet ass den Samsung Galaxy Note 10.1, den een och mat engem Stëfft benotze kann, well dësen Tablet awer ereicht ganz kuerz um Marché ass, sinn d’Präisser am Moment nach héich.

Op der IFA 2012 den 31. August wärt och ënner anerem Sony puer nei Tablets virstellen an Samsung den Galaxy Note 2.

An deenen nächsten Deeg wäerte mir dann och méi genau op d'Tablet Apps agoen.

 

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera