Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Lëtzebuergesch fir Swiftkey: Mir brauchen är Stëmmen!

Ee vun de grousse Virdeeler vun Android sinn d‘Upassungsméiglechkeeten. Sou kann ee mat der Swiftkey App seng „Standard Tastatur“ komplett ersetzen an domadder an de Genoss vun villen weidere Funktioune kommen.

Swiftkey erkennt däi Schreifstil a leet e personaliséiert Wierderbuch un, sou datt d’App Wierder viraussoe kann. Mä fir dat dës Virausso vu Wierder oder d'Autokorrektioun richteg funktionéiert, gräift d’App natierlech och op en Dictionnaire zeréck.

Mä wei sou oft gëtt Lëtzebuergesch leider nach net ënnerstëtzt an dës Funktioune kënne leider nach net komplett genotzt ginn.

Fir datt sech dat awer ännert, kënnt dir am Swiftkey Support Forum fir Lëtzebuergesch ofstëmmen. Einfach op dëse Link goen an 3 Stëmme fir „Luxembourgish“ ofginn.

Wa vill Stëmmen zesumme kommen, wäerten déi Responsabel vun Swiftkey d’Nofro erkennen an hoffentlech reagéieren. Dofir zielt all Stëmm! Viru knapp engem Joer hate mir schonn en Opruff gemaach an et sinn an Tëschenzäit iwwer 200 Stëmmen zesummekomm.

Dobäi dierf een awer net vergiessen datt et och eng gutt mä net grad sou performant Alternativ gëtt: mat der Spellchecker.lu Live App kann ee Lëtzebuergesch Orthographiekorrektur aschalten an da wéi beim Spellchecker.lu Online-Checker an all Textfelder verbessere goen.

P.S. Et sinn zwou „New language suggestions“ fir Lëtzebuergesch ginn, déi sinn awer elo zesummegeluecht ginn, also net vum „Please spend your votes in the other 'Luxemburgish' proposals“ Kommentar irritéiere loossen :)

  • 03.05.13: 231 Votes

Islännesch hat et mat nëmmen 212 Votes gepackt, dobäi schwätzen 320 000 Leit Islännesch an knapp 400 000 Lëtzebuergesch!

  • 05.05.13: 363 Votes

500 mist awer ze packe sinn :)

  • 07.05.13: 457 Votes

Bei den Top ideas ass Luxembourgish virbäi, bei den Sproochen déi nach net ugeholl oder gestart sinn leit Lëtzebuergesch lo op zweeter Platz hannert Kurdesch. Also weider Voten an et wäert net méi laang daueren bis dat et och Lëtzebuergesch fir Swiftkey gëtt!

  • 12.05.13: 604 Votes

Mat iwwer 600 Votes hunn mir sécher d'Opmierksamkeet vun Swiftkey!

  • 25.05.13: 659 Votes

D'Stëmmen ginn nach weider rop, mä leider nach keng Reaktioun vun Swiftkey.

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera