Skip to main content

System Messages

  • strict warning: Non-static method view::load() should not be called statically in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/views.module on line 1113.
  • strict warning: Declaration of views_handler_field::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_field.inc on line 1147.
  • strict warning: Declaration of content_handler_field::element_type() should be compatible with views_handler_field::element_type($none_supported = false, $default_empty = false, $inline = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/cck/includes/views/handlers/content_handler_field.inc on line 228.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::options_submit() should be compatible with views_handler::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_sort::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_sort.inc on line 165.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::options_validate() should be compatible with views_handler::options_validate($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_handler_filter::query() should be compatible with views_handler::query($group_by = false) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/handlers/views_handler_filter.inc on line 587.
  • strict warning: Declaration of views_plugin_query::options_submit() should be compatible with views_plugin::options_submit($form, &$form_state) in /www/htdocs/w00d61ff/start/sites/all/modules/views/plugins/views_plugin_query.inc on line 169.

Amazon mat neien Kindle Fire Tablets (och an Däitschland)

Amazon huet Gëschter op enger Pressekonferenz seng nei Kindle Rei virgestallt, niewent dem neien E-Reader Kindle Paperwhite sinn och 3 Kindle Fire Tablets presentéiert ginn.

Den „ale“ Kindle Fire den et schonn säit engem Joer an den USA gëtt, krut e klengen Update mat engem Dualcore Prozessor an de Bildschierm bleift bei 7 Zoll mat enger Opléisung vun 1024x600 Pixel.

Den direkte Konkurrent zum Nexus 7 ass den Kindle Fire HD mat engem Dualcore Prozessor an den selwechter Opléisung wéi den Nexus 7 (1280x800).

 

Den Kindle Fire HD (16 GB) kann fir 199 Euro virbestallt ginn an den Kindle Fire (8GB) fir 159 Euro. Ab dem 25. Oktober wäerten dann déi éischt verschéckt ginn an dat fir Europa bis elo nëmmen an Däitschland an England. (also rem näischt fir Lëtzebuerg)

Lo awer mol zu den wichtegen Informatiounen zu der Kindle Fire Rei: Wenn een d’Beschreiwung vum Kindle Fire um Amazon Site liest, fënnt een keng Kéier de Begrëff Android an dat net ouni Grond. Obwuel d’Tablets mat Android 4.0 lafen, wäert een net vill vun Android gesinn, well Amazon dat ganzt Betribssystem ugepasst huet.

Donieft kënnen nëmmen Applikatiounen aus dem Amazon App Store geluede ginn an fir d’Tablets sou bëlleg ubidden ze kënnen, ginn op ville Platzen Reklammen ageblennt. Sougesinn bitt Amazon säin eegenen zouënen System un den mat Reklammen finanzéiert gëtt an dat säit engem Joer ganz erfollegräich an den USA.

Méi spéit wäert Amazon ochnach een Kindle Fire HD mat engem 8,9 Zoll Display lancéieren, den mat enger Opléisung vun 1920 x 1200 Pixel den dem iPad Konkurrenz soll maachen.

Wat hal dir vun den Amazon Tablets?

Drupal theme by Adaptivethemes - Design by Kodamera